Wëllkomm
bei der Luxembourg Society for Microbiology !
Déi mikroskopesch kleng Welt vun Viren, Bakterien, Archae’en, Champignon’en, Protozoairen an aneren winzege Liëwewiesen ass extrem faszinant a villfälteg!
Mikroorganismen spillen eng immes wichteg Roll an eisem déigleche Liëwen. Eis Haut, eise Mond an eist Gedärms si koloniséiert mat Milliarden vun harmlosen Bakterien, déi eis virun der Invasioun vu Krankheetserreger schützen an eis z.B. bei der Verdauung hëllefen. Mat der Ënnerstëtzung vun Bakterien an Hiëf gin Kéis, Yogourt, Sauerkraut, Brout, Wäin a Béier hiergestallt. Ouni déi eenzegarteg metabolesch Kapazitéiten vun de Mikroben ass keen biogeochemeschen Cyclus komplett. An och eist Ofwaasser gëtt an de Kläranlagen duerch d’Zesummespill vu sëllegen Mikroorganismen erem méi propper.
Niewent der grousser Majoritéit vun harmlosen an essentiellen Mikroben gin et awer och eng Rei vun Viren, Bakterien, Parasiten a Champignon’en, déi beim Mënsch, den Déieren oder de Planzen kënnen Infektiounen ervirruffen. Iwer 1.400 verschidden Krankheetserreger sin bis dato bekannt. Eise Gesondheetssystem ass historesch dann och op d’Bekämpfung vun Infektiounskrankheeten opgebaut, woubei och hautesdaags nach etlech Epidemien an Pandemien weltwäit ausbriëchen.
Mat der Luxembourg Society for Microbiology wëlle mir all d’Akteure, déi an hiren professionellen a schouleschen Aktivitéiten oder an hirer Fräizäit aktiv, direkt oder indirekt mat Mikroorganismen ze din hun, regruppéiren.
Déi verschidden Missiounen an Objektiver vun der LSfM kënnen folgendermoossen opgezielt gin:
- Themen ronderem d’Mikrobiologie zu Lëtzebuerg an am Ausland federéiren,
- Eventer, Konferenzen, Ateliere’n an Expert’s-Gruppen organiséiren,
- Kollaboratiounen an Informatiounsaustausch ënnert hire Memberen promovéiren,
- Weiderbildungen an Methodologie-Austausch ubidden,
- Studenten mat engem Lien zu der Mikrobiologie an zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen.
Zéckt net fir Member bei der LSfM ze gin, bei eisen Aktivitéiten matzemachen an op eiser Websäit praktesch Informatiounen sichen ze goën. Fir all weider Froën oder Renseignementer sti mir Iech gären zur Verfügung.
Jos Even, president.
partnerships
- Luxembourg Institute of Science and Technology
- Luxembourg Institute of Health
- Université du Luxembourg
- Luxembourg Centre for Systems Biomedicine
- Ministère de l’Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture
Administration des Services Techniques de l’Agriculture - Ministère de l’Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture
Administration Luxembourgeoise Vétérinaire et Alimentaire